Clubgeschicht

 

D'Käfer-Féiwer

 

Et huet eigentlech harmlos ugefaang. Keen huet d'Zeeche gesi kommen, mee dunn huet d'Käfer-Féiwer, ouni sech ëm ze kucken, zougeschloen. Nodeems de läschte Käfer an Europa verkaf ginn ass, huet de Virus d'Käfer-Frënn befall. Kee wollt mat dru schëlleg sinn, dass de meeschtverkaaften Auto vun der Welt sollt ënnergoen. Dunn, an der Mëtt vun den 1980er Joeren koum et zum Ausbroch vun...

 

Der Käfer-Krankheet mat Ustiechungsgefor

 

Déi international Käferszen war gebuer a verschidde Käfer Veräiner si wéi Champignoën aus dem Buedem geschoss. Aus klengen Treffen vun de Käferfrëen goufen ëmmer méi grouss Treffen an et huet sech en internationale Marché fir Ersatzdeeler entwéckelt. Dës Entwécklung ass och net virun eise Grenzen stoe bliwwen, mee 1988 koum et zur...

 


Grënnung vun engem Käfer-Club zu Lëtzebuerg

 

1988 waren et 10 Käfer-Frënn déi sech zu engem Club zesummefonnt hunn. Et sinn dauernd nei Leit bäikomm an haut zielt de Käfer-Club zu engem vun de beléifsten Veräiner zu Lëtzebuerg. De Käfer Club Lëtzebuerg ass donierwt och Grënnungsmember vun der „Lëtzebuerger Oldtimer Fédératioun“ (L.O.F.).

 

 

De Käferfrënd

 

ass iwwerall ze fannen, vum Student bis hin zum Manager. Bei eis am Veräin ass de Buschauffer, de Schoulmeeschter, de Pompjee, d'Studentin, d'Verkeeferin, den Dokter, den Handwierker an den Pensionär. Et gi Leit, déi all Dag mam Käfer fueren, awer och Leit mam Käfer als Zweetwon. Sie hunn awer alleguer dat selwecht Hobby, déi selwescht Passioun: hiere Käfer!!